De Réckbléck op d'Sportjoer 2019
Den Tom Flammang huet mam Jenny Warling, dem Bob Bertemes an dem Christine Majerus zeréck op déi lescht Méint an och no vir op 2020 gekuckt.
De Bob Bertemes hat 2019 déi bis elo beschte Saison a senger Karriär. Den Athlet aus dem Bielesser Veräin konnt säin Haalerekord direkt e puer Mol verbesseren a gouf 5. op der Indoor-Europameeschterschaft. Och dobausse konnt hie säi ganzt Talent weisen an huet am August mat 22,22 Meter een néien nationale Rekord gestouss. D'Qualifikatioun fir D'Olympesch Spiller, déi bei 21,10 Meter läit, huet hien domat kloer iwwerbueden. Ee klenge Bemol war déi 26. Plaz bei der Weltmeeschterschaft zu Doha.
Och d'Christine Majerus kann op hir bis elo beschte Saison zeréckkucken. Mat enger 9. Plaz am World-Tour-Ranking an an der Weltranglëscht konnt d'Lëtzebuerger Championne iwwerzeegen an huet mat der Boels Ladies Tour hir éischte World-Tour-Etappecourse gewonnen. Och d'Christine Majerus ass fir Tokyo qualifizéiert. No London a Rio ass dat déi 3. Kéier wou d'Sportlerin mat dobäi wäert sinn.
D'Jenny Warling huet am Mäerz a Spuenien den EM-Titel gewonnen, dat nodeems d'Karateka sech am August 2018 Kräizbänner gerass hat. No enger weiderer Verletzung konnt d'Jenny Warling Enn der Saison op international gutt besate Kompetitiounen excellent Klassementer erreechen an ass momentan nees am Training fir déi wichteg Saison 2020 virzebereeden.
Den 29. Dezember ass vu 14 Auer un déi grouss Sport-Retro op RTL Radio Lëtzebuerg. An deene verschiddene Sportaarte gëtt op d'Joer 2019 zeréckgekuckt.