Christian Molitor a Gaby Andres op der 1. Plaz iwwer 25km
E Sonndeg de Moie war zu Léiler den 3-Länner-Trail. De Laurent Reichling an d'Sandra Huberty waren déi Bescht iwwer 11 Kilometer.
Am leschte Bierg huet sech de Christian Molitor e Sonndeg de Moien d'Victoire iwwer 25 Kilometer beim 3-Länner-Trail zu Léiler geséchert. De Leefer vum Celtic Dikrech huet sech 4 Sekonne virum Kai Merten duerchgesat. Um Podium stoung nach de Sven Remakel op 55 Sekonnen.
Bei den Dammen ass d'Gaby Andres als Éischt iwwer d'Arrivée gelaf. Mat engem Retard vun 3 Minutten an 11 Sekonnen ass d'Runa Egilsdottir déi Zweet ginn an d'Danièle Raach ass op déi 3. Plaz gelaf.
LINK: Resultater 3-Länner-Trail
De Sébastien Laurier huet sech déi 1. Plaz iwwer 18 Kilometer geséchert. Hien hat e Virsprong vun 3 Minutten an 10 Sekonnen op de Benoit Marcolini a 4 Minutten an 20 Sekonnen op de Scharel Lehners. Beschten Damm war d'Liz Nepper virum Tania Fransissi.
Iwwert dee méi kuerzen Trail, deen iwwer 11 Kilometer gaangen ass, war de Laurent Reichling de Beschten. De Leefer vum CA Bieles hat op der Arrivée eng Avance vun 2 Minutten an 22 Sekonnen op de Flavio Coimbra Vaz. Déi 3. Plaz war fir den Daniel Reckinger op ronn 3 Minutten an 30 Sekonnen.
Bei den Damme war d'Sandra Huberty déi Séierst. Um Podium stoungen nach d'Tania Hoffmann an d'Annick Schroeder. Si haten e Retard vun iwwer 2 respektiv 4 Minutten.