Kobayashi gewënnt Generalprouf fir d'Véier-Schanzen-Tournee

© AFP
De Japaner huet de Weltcup zu Engelberg an der Schwäiz virum Slowen Prevc an dem Éisträicher Hörl gewonnen.
Nom 1. Duerchgang louch de Japaner Ryoyu Kobayashi mat 132,5 Meter nëmmen op der 7. Plaz. Duerch säin Sprong op 134 Meter am 2. Duerchgang huet hien sech net nëmmen d'Victoire zu Engelberg geséchert, ma och d'Féierung am General zeréck erkämpft. Op déi 2. Plaz flitt de Slowen Peter Prevc. Den Éisträicher Jan Hörl komplettéiert de Podium zu Engelberg.
De Gewënner vun e Samschdeg, de Stefan Kraft, ass am 2. Duerchgang gefall an ass vun der Plaz 4 op 18 zeréck gefall.
Optakt vun der Véier-Schanzen-Tournee ass den 28. Dezember mat der Qualifikatioun zu Oberstdorf a Däitschland.