Patriots gewannen nees hir Division, nach 2 Playoff-Plaze fräi

© AFP
D'New England Patriots hu mat engem 24:17 géint d'Buffalo Bills fir déi 17. Kéier an de leschten 19 Joer den Titel an hirer Divison gewonnen.
De Super-Bowl-Gewënner aus dem leschte Joer war schonns sécher fir d'Playoffs qualifizéiert. Onkloer ass awer nach ëmmer, ob d'Ekipp ëm de Star-Quarterback Tom Brady an der Wild-Card-Round untriede muss oder net.
D'Baltimore Ravens sinn dëst Joer déi beschten Ekipp an der AFC an hunn an der 1. Ronn vun de Playoffs sécher ee Fräilous. Si wäerten dann och an de Playoffs jeeweils Heemrecht hunn, dat nodeems si de Weekend souverän mat 31:15 géint d'Cleveland Browns gewonnen hunn.
Nieft de Patriots an de Ravens sinn och d'Buffalo Bills, d'Kansas City Chiefs an d'Houston Texans sécher an de Playoffs. D'Chiefs konnten de Weekend mat 26:3 géint d'Chicago Bears gewannen an d'Texans hu mat 23:20 géint Tampa Bay gewonnen. Déi beschte Chancen op déi lescht Playoff-Plaz an der AFC dierften iwwerdeems d'Tennessee Titans hunn, ma och d'Pittsburgh Steelers rechne sech nach Chancen aus.
An der NFC ass de Weekend da wuel eng Virentscheedung gefall. Do konnte sech nämlech d'Philadelphia Eagles mat 17:9 géint d'Dallas Cowboys duerchsetzen. Domat ass de Super-Bowl-Champion vun 2018 laanscht d'Cowboys gezunn a muss um leschte Spilldag just nach géint d'New York Giants gewannen. Sollten d'Cowboys allerdéngs gläichzäiteg géint d'Washington Redskins verléieren, ass een egal wéi fir d'Playoffs qualifizéiert.
Déi aner 5 Playoff-Plaze ware jo schonns virun dësem Spilldag reservéiert an zwar fir d'Seattle Seahawks, d'New Orleans Saints, d'Green Bay Packers, d'Minnesota Vikings an d'San Francisco 49ers.
Sollten déi Leschtgenannt um leschte Spilldag géint d'Seattle Seahawks gewannen, hätte si dann och Heemrecht bis an de Super Bowl, deen den 3. Februar 2020 zu Miami gespillt gëtt.
Alleguerten d'Resultater am Iwwerbléck:
Houston Texans - Tampa Bay Buccaneers 23:20
Buffalo Bills - New England Patriots 17:24
Los Angeles Rams - San Francisco 49ers 31:34
Detroit Lions - Denver Broncos 17:27
Oakland Raiders - Los Angeles Chargers 24:17
Jacksonville Jaguars - Atlanta Falcons 12:24
Baltimore Ravens - Cleveland Browns 31:15
Carolina Panthers - Indianapolis Colts 6:38
Cincinatti Bengals - Miami Dolphins 35:38
Pittsburgh Steelers - New York Jets 10:16
New Orleans Saints - Tennessee Titans 38:28
New York Giants - Washington Redskins 41:35
Dallas Cowboys - Philadelphia Eagles 9:17
Arizona Cardinals - Seattle Seahawks 27:13
Kansas City Chiefs - Chicago Bears 26:3