
D’Lisa Jablonowski, d’Nadia Mossong, d’Cathy Schmit an d’Bridget Yoerger hu sech beim Qualifikatiounstournoi zu Limassol op Zypern den Ticket fir d’Basket-EM am 3x3 geséchert. Gespillt gëtt d’Europameeschterschaft am September an Israel.
Beim Qualifikatiounstournoi hunn d’Cathy Schmit a Co an den Halleffinalle mat 14:9 géint Irland gewonnen an an der Finall war een Aserbaidjan mat 9:6 iwwerleeën.