07.10.2025
Loosst Iech duerch Kritik vun aneren net ënnerkréien. Äert Zil ass dat wichtegst!
Dir hutt Panik fir eleng ze sinn, braucht Der awer net. Dir fannt schonn een deen eppes mat Iech ënnerhëlt.
Dir gitt den Toun un et gëtt Iech nogelauschtert an all Mënsch ass och nach Ärer Meenung.
Ëmmer anerer Meenung wéi all déi aner ass haut Äert Motto. Dir sidd relativ intolerant.
Plangt haut méi Zäit an. Dir kritt Iech nëmme schwéier konzentréiert an esou schielt Dir laang un engem Ee.
Iech geet et richteg gutt, Dir kënnt mat Iech an der ganzer Welt zefridde sinn.
An engem Sträit an der Partnerschaft géingt Dir de Kierzeren zéien, dofir evitéiert Diskussiounen.
Dir sidd méi ausgeglach wéi déi lescht Deeg, Dir sidd am Renge mat Iech selwer.
Dir lieft elo an haut, dofir iwwerleet net dauernd wat eventuell muer ka sinn.
Dir verdréit esou munch engem de Kapp an Dir setzt Äre Charme gekonnt an.
Kuckt no Äre Finanzen, kloer Suen eleng maachen net glécklech, mee et ass méi berouegend wann een iergendwou eng Mouk huet.
Dir kämpft fir dat, wat Dir Iech an de Kapp gesat hutt, gutt esou, dann erreecht Der och Äert Ziel.