Déi nei Partei fir d'Europawale sammelt elo Ënnerschrëften

© Pierre Weimerskirch
Als Reaktioun op de Populismus huet sech déi pan-europäesch Partei "Volt" gegrënnt. Déi och zu Lëtzebuerg wëll Kandidaten an d‘Walen schécken.
D'Partei stellt fir all europäesch Länner ee gemeinsame Walprogramm op. Zil vun der politescher Bewegung ass et, a 7-EU-Länner op d'mannst 25 Kandidate bei den Europawalen an d‘ Parlament ze wielen.
Zu Lëtzebuerg sammelt een aktuell déi 250 Ënnerschrëften, déi ee brauch, fir eng Lescht ze deposéieren. Iwwer 150 hätt een der schonn zesummekritt.
Um Samschdeg zu Schengen op enger Manifestatioun huet ee scho 4 Kandidate presentéiert, déi ee wëll an d'Course schécken. Dorënner de fréiere Rektor vun der Uni Lëtzebuerg Rolf Tarrach.
Hei 4 vun de 6 méigleche Kandidaten:
Fiona Godfrey
53
Generalsekretärin European Public Health Alliance
Marthe Hoffmann
23
Affekotin am Stage
Daniel Silva
35 Joer
IT-Trainer
Rolf Tarrach
71 Joer
Quantephysiker, fréiere Rektor Uni Lëtzebuerg