D'Kannerhëllefswierk vun de Vereenten Natiounen huet och 2019 nees déi beschte Fotoe vum Joer ausgezeechent.

D'"Unicef-Foto vum Joer 2019" weist ee klengt Meedchen, dat an engem Slum op de Philippinnen no Plastiksdreck fëscht. D'Foto vum däitsche Fotograf Hartmut Schwarzbach erzielt "vum couragéierten Iwwerliewenskampf vu Kanner am Zesummenhang mat dräi Tragedië vun eiser Zäit: Aarmut, Ëmweltverschmotzung a Kanneraarbecht", sou d'UN-Kannerhëllefswierk zu Berlin.

Op déi zweete Plaz huet et den australesche Fotograf Andrew Quilty mat enger Foto vun enger Famill an Afghanistan, déi vun enger Explosioun gezeechent ass, gepackt.

RTL

© Andrew Quilty

Plaz 3 ass un de Gewënner vun zejoert Antonio Aragon Renuncio gaangen. Hien huet op senger Foto d'Schicksal vun de Kanner, déi no Gold am Burkina Faso sichen, dokumentéiert.

RTL

© Antonio Aragón Renuncio