Et wier eng Ëmwelt-Katastroph déi kaum ze beschreiwen ass, an dofir gouf elo och den Noutstand ausgeruff.

Virun der Küst vun de Galapagos-Inselen trëtt Diesel aus engem Schëff aus, dat ënner gaangen ass. E Kran, deen am Gaang war d'Containerschëff ze belueden, war a sech zesummegebrach, an e schwéiere Container ass doropshin op d’Schëff gefall, dat doduerch därmoossen beschiedegt gouf, dass et ënner goung.

D’Regierung vum Ecuador, zu deenen d’Galapagos-Inselen zielen, huet direkt reagéiert an d’Arméi beoptraagt déi néideg Schutz-Mesuren ze ergräifen.

Zanter 1978 gehéieren d’Vulkan-Inselen eng 1000km westlech vun der südamerikanescher Küst zum UNESCO Welt-Natur-Ierwen, mat enger Flora a Fauna, déi et soss néirens op der Welt gëtt.