Mordfall Khashoggi
5 Leit zum Doud verurteelt

A Saudi-Arabien goufe 5 Persounen zum Doud verurteelt, dat wéinst dem Mord um regierungskritesche Journalist Jamal Khashoggi.
Hie war zejoert am saudesche Konsulat zu Istanbul vun engem saudeschen Spezialkommando ëmbruecht ginn.
Nieft den 5 Doudesurteeler goufen et 3 Prisongsstrofe vun am Ganze 24 Joer. Zwee héich Conseillere vum Krounprënz Mohammed bin Salman goufen iwwerdeems fräigesprach.
Enquêteure vun de Vereenten Natiounen haten jo Indice fonnt, datt de Krounprënz kéint hannert dem Mord stiechen.
Am meeschte gelies