No Attack op Konvoi
Amerikaneschen Zaldot am Afghanistan gestuerwen

© AFP
Am Afghanistan stierft en amerikaneschen Zaldot, wéi säi Konvoi an der Provënz Kundus attackéiert gouf.
Et gouf e puer Blesséierter. Weider Detailer huet d'US-Arméi net ginn. Taliban hunn d'Attack revendiquéiert.
Se wäert en negativen Impakt op d'Friddensverhandlungen tëscht den USA an den Taliban hunn. Dës goufen no méintelaanger Paus réischt virun zwou Woche relancéiert.
Am meeschte gelies