Bëschbränn an extrem Hëtzt
Australesche Pompjee gëtt duuschtregem Koala säi Waasser

© Screenshot
Nach ni war et an Australien esou waarm, wéi an de leschte Wochen. Déi staark Hëtzt léisst d'Natur a vill Déiere leiden.
E puer dausend Pompjeeë sinn zanter Wochen am Asaz - déi schro Bëschbränn an Australien hu schonn am Oktober ugefaangen. Och d'Koalabiere leiden ënnert der extremer Hëtzt - ee vun hinne krut den Duuscht geläscht.
Experte soen, datt mat den extrem héijen Temperaturen an de grousse Bëschbränn schonn iwwer 2.000 Koalabiere verbrannt sinn. An den nächsten Deeg bleift et iwwerdeems bei engem Duerchschnëttstemperatur vu ronn 42° C.
Ee Pompjee an ee Koala beobachten de Bësch a Flamen.
Am meeschte gelies