Boeing-Chef Dennis Muilenburg trëtt zeréck

© AFP
Den US-amerikanesche Fligerconstructeur kämpft mat de Suitte vun zwou ofgestierzte Maschinne vum Typ 737 Max.
Boeing bleift och no den Onglécker vun zwou Maschinnen mat enge sëllegen Doudegen a schlechten Dicher. D'lescht Woch eréischt huet den US-Konzern ugekënnegt, d'Produktioun vum 737 Max komplett anzestellen. E Méindeg koum d'Nouvelle, datt de Boeing-Chef Dennis Muilenburg seng Konsequenze gezunn huet an de Posten als Kapp vum US-amerikanesche Betrib opgëtt.
Virun allem waren an der leschter Zäit d'Stëmmen méi haart ginn, déi de Krisemanagement vum Muilenberg kritiséiert hunn. Dëse Fliger huet jo verschidden technesch Lacunnen, déi bis elo net geléist goufen, a war vun enger Serie u Pannen an Tëschefäll net verschount bliwwen.
Tragesch ware virun allem d'Tëschefäll am Oktober 2018 an Indonesien an am Mäerz 2019 an Ethiopien, wou Maschinne vum besoten Typ erofgefall sinn an insgesamt 346 an den Doud gerappt hunn.