Zënter engem Joer ass d'Sam Tanson an der Regierung an hat vun Ufank un ee Wonsch-Ressort: d'Kultur.

Wéi se ugefaangen huet, krut se een Dokument an de Grapp, de Kultur-Entwécklungsplang, un deem an de Jore virdru geschaaft gouf. Wat konnt se bis elo ëmsetzen oder an d'Wee leeden? A wat sinn hir weider Iddien a Schrëtt?

Um Donneschdeg de Mëtteg war d'Kulturministesch Sam Tanson d'Invitée am Gespréich.

Am Gespréich - Sam Tanson

D'Emissioun "Am Gespréich ..." vu méindes bis freides tëscht 12 an 13 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou duerno och de Replay (Audio a Video) ze fannen ass.